*** UNK - Kanech ***


07 March 2019

Um 16. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den UNK dëse Sonnden op d'Jeunesse Kanech.

Kanech läit momentan mat 14 Punkten op der 10. Tabelleplaz, den UNK ass Tabellevéierte mat 29 Punkten.

Am Virfeld vun dësem Match spillen eise Cadets um 14h00 an der 1/4-Finall vun der Coupe des Cadets géint hir Alterskollege vun der Jeunesse Esch. D'Entrée fir dëse Coupematch ass natierlech fräi an där kënnt beim CACTUS eragoen.

Samsdes sinn och schonn 2 Coupematcher:
14h30 Coupe des Minimes   UNK - Hueschtert
16h30 Coupe des Scolaires  UNK - Entente Ënnersauer/Mëllerdall

#vamosunk