*** UNK - Kanech ***


27 September 2019

Um 6. Spilldag an der Éierepromotioun empfänkt den UNK dëse Sonnden d'Jeunesse vu Kanech.

Kanech läit mat 4 Punkten op der 11. Tabelleplaz, den UNK bleift ongeschloen Tabellenzweeten, punktgläich mam Leader Hesper (13 Punkten).

Am Virfeld vun dësem interessante Match presentéiere mer Iech traditionell all eis Jugendekippe mat hire Spiller an Trainer.

Sidd dobäi beim Retour op de Käerjenger Dribbel a kommt eis Jugend souwéi och eis 1. Ekipp kräfteg ufeieren!

#vamosunk