*** UNK - Rodange ***


03 April 2019

Haut den Owend um 20h00 steet den Nohuelmatch vum 18. Spilldag an der Éierepromotioun um Programm, wou den UNK op den Noper vu Rodange trëfft.

Mat jeweils engem Match manner steet Rodange momentan op der 2. Tabelleplaz, dëst mat 41 Punkten, den UNK ass 5. mat 34 Punkten. Den UNK huet wuel déi mannsten Néierlagen (2) mee 7 Gläichspiller sinn der einfach zevill fir ganz uewe matzehaalen. Haut den Owend gëllt just eng Victoire fir den Uschloss un d'Spëtzt net endgülteg ze verléieren!

Kommt also den Owend alleguer op den Dribbel fir den UNK kräfteg z'ënnerstëtzen!

#vamosunk