*** UNK - Steesel ***


24 September 2019

An engem Nohuelmatch vum 4. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den UNK dëse Mëttwochowend op d'Alisontia Steesel.

Dëse Match gëtt zu Nidderkuer gespillt, vu dass d'Beliichtung um Käerjenger Dribbel momentan nach net ausräichend ass fir Championnatsmatcher an den Owesstonnen.

Villmools Merci dem Progrès Nidderkuer an der Gemeng Déifferdeng, dass mer hir Installatioune fir dëse Match benotzen däerfen!

Den Opsteiger Steesel steet mat 6 Punkten op der 8. Tabelleplaz, den UNK ass weiderhin ongeschloen a mat 10 Punkten Tabellevéierten, kann awer mat enger Victoire zum Leader Hesper opschléissen.

#vamosunk