*** UNK - US Esch ***


03 November 2018

Fir de Kont vum 9. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den U.N. Käerjeng '97 moar um 16h00 um Dribbel op d'US Esch.

D'US Esch steet momentan mat 12 Punkten op der 8. Plaz an der Tabell, den UNK ass mat 15 Punkten Tabellevéierten.

No 2 verluerene Matcher (den éischten am Championnat zu Hesper an an der Coupe géint d'Jeunesse) gëlt et séier nees op d'Erfollegsspuer zeréckzefannen!

Um 14h00 treffen um Terrain synthétique Jos Bloes (aale Synthi beim Cactus) eis Cadeten an der Coupe des Cadets op den CS Uewerkuer.

Scho moies um 10h30 ass et an der Coupe des Poussins um selwechten Terrain de Match tëscht dem UNK an der Entente Déifferdeng/Luna Uewerkuer.

All weider Matcher, ë.a. an de verschiddene Coupë, fannt Där hei: 
https://www.un-kaerjeng.lu/calendar

#vamosunk