*** UNK - Woltz ***


05 October 2018

Um 7. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den U.N. Käerjeng '97 dëse Sonnden um 18h00 op den FC Wiltz 71.

Ab 17h30 ginn all eis Jugendekippe presentéiert, dofir kommt mat Zäit fir Iech dee flotten Optrëtt vun eise Juniore bis Bambinis net entgoen ze loossen. Flott Fotoen an Ambiance garantéiert!

Wéinst dem groussen Undrang mat ca. 250 Kanner (plus Famill) a wéinst dem Coupe d'Europe-Match vum Handball Kaërjeng, kënnt Där e Sonnde vum Cactus-Parking profitéieren, wou dann eng zousätzlech Keess wäert opgemaach ginn.

#vamosunk