*** UNK - Woltz ***


15 October 2019

Um 8. Spilldag an der Éierepromotioun kënnt et dëse Sonnden um 15h00 um Käerjenger Dribbel zum Spëtzematch tëscht dem Tabellenzweeten U.N. Käerjeng '97 an dem Tabellendrëtten FC Wiltz 71.

Wéinst de feelende Luuten um Käerjenger Dribbel gëtt dësen interessante Match schonn um 15h00 ugepaff!

D'Bäll mat deenen dëse Match gespillt gëtt gi gestëft vun eisem Buergermeeschter Michel Wolter, vun eisem fréiere President Fränk Klinkert a vun eisem Sponsor GiGa Immobilière.

Fir d'Uewerkäerjenger Kiermes offréiert de President mat sengem Comité Iech no'm Match eng gutt Kiermesdrëpp an der grousser Buvette.

#vamosunk