*** US Esch - UNK ***


12 April 2019

Am Spëtzematch vum 21. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den UNK dëse Sonnden op d'US Esch. Gespillt gëtt um 16h00 um syntheteschen Terrain zu Esch-Lalleng.

D'US Esch läit mat 40 Punkten op der 4. Plaz (punktgläich mam 3. Hesper), 3 Punkte virum UNK als Tabellefënneften. Fir béid Ekippen zielt just eng Victoire fir den 19. Mee op enge vun den 3. éischte Plazen ze stoen. Et erwaart iech also e spannende Match zu Lalleng.

Presentéiert gëtt iech dëse Match vun eisem Royal Sponsor Clean - center.

Clean – center, depuis 1989 un partenaire compétent dans tous les domaines du nettoyage professionnel. 
www.clean.lu

Vergiesst och net den traditionnelle Kéisowend vum UNK de 27.04.19!
All Informatioune fannt där hei:
https://www.facebook.com/events/650637175358154/

#vamosunk