*** Woltz - UNK ***


29 March 2019

Um 19. Spilldag an der Éierepromotioun trëfft den UNK dëse Sonnden um 16h00 op den FC Woltz 71.

Woltz ass Tabellesechste mat 29 Punkten, direkt hannert dem UNK, dee momentan mat 33 Punkten op der 5. Plaz läit, dëst awer mat engem Match manner.

De Match gëtt um Terrain Am Pëtz zu Wegdichen (Weidingen) gespillt. Wem dat mam Auto ze wäit ass, ka mat der Ekipp a mam Staff mam Bus matfueren (Départ um 13h15 um Dribbel).

Presentéiert gëtt Iech dëse Match vun eisem Royal Sponsor G.I.L. - Groupe Immobilier Luxembourgeois.

G.I.L. - Groupe Immobilier Luxembourgeois: "L'immobilier tout simplement!"
www.gil.lu

#vamosunk