* Abschidsmatch Jerome & Mass *


31 July 2020

Haut den Owend spillen de Jerome an de Mass am Kader vum Testmatch géint den FC Luerentzweiler hire leschte Match an de Foarwe vum UNK.

Bekanntlech hu si e Schlussstréch ënnert hir Carrière gezunn, de COVID-19 an den Ofbroch vun der Saison haten awer verhënnert, dass mer hinnen am leschte Match Merci konnte soen. Dat huele mer den Owend no! Dofir kommt op den Dribbel a sidd bei hirem Abschid live dobäi.

De Julien Hornuss ass nach an der Vakanz, säin Abschidsmatch ass nächste Samsden (08.08.), wa mer géint Monnerech spillen.

Et gëllen natierlech déi vum Gesetz 7622 virgeschriwwe Restriktiounen:
- Maskeflicht um ganze Site
- nëmme Sëtzplazen, et däerf een néirens stoen
- wann den Ofstand vun 2m op der Sëtzplaz net kann agehale ginn: Maskeflicht
- Buvettë sinn op (HORESCA-Virschrëften: Max. 10 Persoune pro Dësch, kee Service um Comptoir, Där gitt um Dësch zerwéiert)
- de Grill ass zou (keen Take-away erlabt, de Service à table beschränke mer haut mol nach op d'Gedrénks)

#vamosunk