* COVID-19-Virschrëfte fir d'Matcher um Dribbel *


28 July 2020

COVID-19-Virschrëfte fir d'Matcher um Dribbel
 
- um gesamte Site gëllt Maskeflicht
- all Zuschauer MUSS wärend der gesamter Dauer vum Match an der Paus op enger Sëtzplaz SËTZEN (ausser fir noutwendeg Deplacementer wéi Toilette, Buvette, Sortie...)
- kann d'Distanz vun 2m zu de Sëtznoperen net agehale ginn, da MUSS ee seng Mask undoen an unhalen
- et däerf een néirens stoen (weder bei der Clôture, nieft oder hannert de Sëtzplazen, Comptoir...)
- Buvettë sinn op, hei gëllen d'HORESCA-Virschrëften (Distanz tëscht den Dëscher, Max. 10 Persounen pro Dësch, kee Service um Comptoir, Där gitt um Dësch zerwéiert)
- et ass NET erlaabt säi Gedrénks mat op d'Tribün ze huelen
 
Den U.N. Käerjeng '97 behält sech d'Recht vir fir Persounen, déi sech net un d'Virschrëften halen, vum Site ze verweisen!
 
Nëmme wa mer alleguer dës Virschrëften, déi d'Gesetz 7622 virgëtt, anhalen, kënne mer hoffen och an Zukunft Fussballsmatcher mat Zuschauer kënnen z'organiséieren!
 
Aus Respekt virun Äre Matmënschen a fir jidderengem seng Gesondheet ze schützen, hoffen mer op Äert Versteesdemech an Är Kooperatioun.
 
#vamosunk