* Den Dribbel ass prett *


26 August 2020

Den U.N. Käerjeng '97, an enker Zesummenaarbecht mat der Gemeng Käerjeng, huet déi lescht Deeg vill Stonne geplangt a geschafft fir den Dribbel esou z'amenagéiere fir d'COVID-19-Virschrëfte beschtméiglech kënnen anzehalen!

- Zousätzlech Sëtzplaze si geschaaft gi fir d'Zuschauer méi iwwert de Site ze verdeelen
- Barrièrë sinn opgestallt gi fir d'Zuschauer ze guidéieren
- Flyeren si gemaach ginn...

Den detailléierte Reglement wäerte mer geschwënn och publizéieren.

Mär zielen op Äert Versteesdemech an Är Kollaboratioun! Nëmmen esou kann de Fussball mat Zuschauer och weiderhi kënne stattfannen!

#vamosunk