* Käerjenger Summer Treff mam UNK *


25 August 2020

Dëse Weekend invitéiert Iech den UNK op de Käerjenger Summer Treff!

Wou?
Virum Käerjenger Treff (54c, avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng)

Wéini?
freides, 28.08 vu 17h00-22h00
samsdes, 29.08. vu 16h00-22h00
sonndes, 30.08. vu 16h00-22h00

Wat gëtt et?
Nieft engem gudde Patt, kritt Där:
- Spezialitéite vum Grill vu Salaisons MEYER vu Käerjeng
- echt handgemaachte Fritte vun der Fouer vu Restaurant-Friture JOSLET

Dëst gëtt Iech preparéiert an zerwéiert vun eise Spiller a Spillerinnen, vun eisen Trainer, vun eiser Jugendkommissioun an eisem Comité! All zesumme fir den UNK!

Et gëllen déi bekannten HORESCA-Virschrëften (Där gitt um Dësch zerwéiert) an d'Unzuel u Sëtzplazen ass op 84 begrenzt! Also maacht Iech bäi!

Mär freeën eis all op Äre Besuch!

#vamosunk