* Merci Mulles *


07 August 2020

 
Well den Emile Muller op der Generalversammlung säi Kaddo a Merci fir 25 Joer (25+) als Keessier vum UNK net konnt entgéint huelen, wëlle mer dat haut op dëser Plaz nohuelen!
 
Sekretär, Vizepresident, vun 2009-2016 President, 11 Joer Member an der JuKo, Jugendtrainer, Koordinator a bei engem Match vun der 1. Ekipp esou guer am Gol (0-0!), et gëtt näischt dat de Mulles net scho beim UNK gemaach huet!
 
Wat vill Leit net wëssen oder net gesinn, sinn déi sëlleche Stonnen, déi de Mulles ALL Dag am Hannergrond fir den UNK schafft! Dofir am Numm vum ganzen UNK e grousse Merci! An du packs et och nach bis zur „Gëllener Hochzäit“! ;-)
 
Den UNK hällt sech eraus wat dem Mulles säin aneren Häerzensveräin ugeet, mä 25 a MU(Ü)LLER war einfach passend... ;-)
 
#vamosmulles
#vamosunk