* Transfert Marco DE SOUSA *


17 December 2020

Den U.N. Käerjeng '97 stellt Iech dann haut och den 1. Wantertransfert vir.

De Marco DE SOUSA kënnt vum FC Rodange a wäert den UNK an de verbleiwenden 23 Matcher vun der Saison am offensive Mëttelfeld verstäerken.

Mat ronn 150 Matcher an der BGL Ligue, iwwer 50 Matcher an der Éierepromotioun, Statiounen zu Rodange, Nidderkuer an dem Titus bréngt de Marco eng grouss Portioun Erfarung an d'Ekipp!

Net nëmmen dass de Marco zu Käerjeng just e Steeworf vum Dribbel ewech wunnt, elo huet hee beim UNK och fussballeresch en neit Doheem fonnt!

Wëllkomm Marco!

#vamosunk