* UNK an Trauer *


17 August 2020

Den U.N. Käerjeng '97 huet déi traureg Flicht Iech matzedeelen, dass de Lucien FUSULIER eis haut fir ëmmer verlooss huet.

De Luss war Spiller a Comitésmember beim FC Jeunesse Hautcharage, Comitésmember an Éieremember à vie beim U.N. Käerjeng '97. Als Goalkeeper war de Luss beim gréissten Erfolleg vum Veräin, dem Gewënn vun der Coupe de Luxembourg 1971, um Terrain. Déi 2 Matcher an der Coupe d'Europe géint den FC Chelsea London sinn nach haut all gudden Dag Gespréichsthema an de Luss war trotz de ville Géigegoler ëmmer houfreg do gespillt ze hunn!

Mam Luss verléiere mär all e sozial engagéierte Mann, e Schaffert, deen ëmmer an iwwerall eng Hand ugepaackt huet, e gudde Mënsch an en treie Frënd!

Mär drécken dem Milly an der ganzer Famill eist déifste Matgefill aus a sinn an dësem schwéiere Moment a Gedanke bei hinnen.

Rou a Fridden, Luss! Mär wäerten dech ëmmer a gudder Erënnerung behalen an dech ni vergiessen!