* UNK an Trauer *


29 December 2020

Den UNK haut déi traureg Flicht Iech matzedeelen, dass de Guido Barboni eis gëschter fir ëmmer verlooss huet.

De Guido war vun 2004 bis 2006 Comitésmember am UNK. Heen huet zu Uewerkäerjeng um Bëchel an och zu Käerjeng den Terrain gezeechent, Vestiairë gebotzt, sonndes op de Matcher gegrillt an och soss op all Fest gehollef. Mam Guido verléiere mer e gudde Veräinsmënsch an e léiwe Frënd!

Mär drécken dem Maggy, Nico, Paola an Alberto an der ganzer Famill eist häerzlecht Bäileed aus!

Rou a Fridden, Guido!