* UNK - VIP Lounge *


28 August 2020

Eis VIP Lounge um Dribbel gouf natierlech och esou amenagéiert, dass eis Sponsoren, Partner, Éieregäscht a GOLDEN CARD-Besëtzer an der Paus hire Patt an e klenge Maufel an aller Sécherheet kënne genéissen!

Bei schlechtem Wieder kënne si de Match och vun do verfollegen, natierlech hu si awer och eng reservéiert Sëtzplaz op der Tribün.

Där wëllt och an dee Genoss kommen? Da gitt Sponsor oder Partner vum UNK oder huelt Iech nach séier eng GOLDEN CARD zum Präis vun nëmmen 150€ fir déi ganz Saison (15 Heemmatcher!).

#vamosunk