*** Duerffest vum UNK ***


03 July 2018

Dëse Weekend huet den UNK säin Duerffest.

Well de Bommertbësch wéinst dem Eichen-Prozessionsspinner zou ass, ass et dëst Joer ausnahmsweis op der Claus Cito Plaz.

Samsden, 7. Juli 2018 ab 15h00
Sonnden, 8. Juli 2018 ab 11h00

*** Chili con carne (weg. fir de Menu umellen) ***
*** Gin Tonic - Bar ***
*** Cocktail - Bar ***
*** Matcher vun der WM an Tour de France ***

Natierlech kritt der och lauter gutt Saache vum Grill a fir Gedrénks ass och beschtens gesuergt!

Gutt Wieder ass jo och virausgesot, also kommt alleguer op d'Claus Cito Plaz fir eng flott Zäit mat eis zesummen ze verbréngen.

#vamosunk
#duerffest