*** TRANSFERT *** Mahammed ABDI MOMIN


23 July 2018

Kuerz viru Schluss vun der internationaler Transfertszäit huet den UNK sech offensiv nach eemol verstäerkt.

De Mahammed "Amin" ABDI MOMIN huet fir 3 Saisonen beim UNK ënnerschriwwen.

Den Amin ass Stiermer, krut leschte Mount 23 Joer an huet déi schwedesch Nationalitéit.

Den Amin ass an der Géigend vu Stockholm gebuer an huet och ëmmer do gespillt. Déi lescht 2 Saisonen huet hee beim IFK Lidingö an der Division 2 Norra Svealand gespillt, wou heen an 30 Championnatsmatcher 22 Goler geschoss huet.

Welcome to Käerjeng Amin!

#vamosunk