*** UNK - Ierpeldeng ***


18 August 2018

Nei Spiller, nei Trainer, neie Presi, nei SAISON!

Um 1. Spilldag vun der Saison 2018-2019 an der Éierepromotioun trëfft den U.N. Käerjeng '97 moar um 18h00 um Dribbel op den FC Ierpeldeng.

Kommt alleguer op den Dribbel an ënnerstëtzt eis Jongen en vue vun engem gudde Start an déi nei Saison.

Falls Där Är Memberskaart (Golden Card, Abo, Membre...) nach net sollt geschéckt kritt, awer scho bezuelt hunn, da bréngt am beschten e Beleg mat fir et de Fräiwëllegen an der Keess méi einfach ze maachen.

#vamosunk