*** Wëntger - UNK ***


20 September 2018

Am 1. Tuer vun der Coupe de Luxembourg (1/32-Finall) spillt den U.N. Käerjeng '97 dëse Sonnden um 16h00 géint d'AS Wëntger.

Weem et ze wäit ass fir mam eegenen Auto ze fueren, dee kann um 13h00 zesumme mat der Ekipp a mam Staff mam Luxusbus vu Sales-Lentz op Wëntger fueren. De Bus fiert ca. 30' no'm Match nees vu Wëntger fort, sou dass mer géint 20h00 zeréck zu Käerjeng um Dribbel misste sinn. Där braucht Iech net unzemellen, mee déi éischt si vir!

#vamosunk