Äddi gutt Séil, Äddi Maggy


03 July 2022

Den UNK huet déi traureg Flicht Iech matzedeelen, dass Maggy Barboni eis gëschter fir ëmmer verlooss huet.

 

Mam Maggy verléiert den UNK eng gutt Séil, deem ni eng Stonn a keng Aarbecht ze vill war.

 

Ob Uniform wäschen, Buvette, Kaffistuff oder beim Grill, Maggy war ëmmer do wann et gebraucht ginn ass.

 

Mam Maggy verléiere mer e gudde Veräinsmënsch an eng léif Frëndin, eng Fra déi hiert Liewe laang vill geschafft huet.

 

Mär drécken dem Nico, Paola an Alberto an der ganzer Famill eist häerzlecht Bäileed aus!

Rou a Fridden, Maggy!