Äddi Jean-Pierre


08 March 2023

Den UNK haut déi traureg Flicht iech matzedeelen, dass de Jean-Pierre Tricca eis gëschter am Alter vun 78 Joer fir ëmmer verlooss huet.
 
De Jean-Pierre war virun der Fusioun 1997 laang an der US Bascharage aktiv, dëst als Spiller, Comitésmember, Vizepresident a President. De Jean-Pierre war och Pätter vum Fändel vum UNK.
 
Mär wäerten de Jean-Pierre a beschter Erënnerung behalen an drécke senger Famill a senge Frënn eis häerzlechst Bäileed aus!