Alexis DUTOT verléisst den UNK


16 June 2018

No 2 Saisonen a 50 Matcher verléisst den Alexis Dutot den U.N. Käerjeng '97.

Den Alexis huet bis zum leschte Match alles fir den UNK ginn a mär wënschen dem Alexis, dass hee ganz séier en neie Veräin fënnt! Den UNK an den Alexis ginn an engem gudde Verhältnis auseneen a mär géifen eis freeën den Alexis demnächst nees um Dribbel begréissen ze kënnen.

Bonne chance Alexis!

Desweideren kéiere folgend Spiller no'm Transfert temporaire an hir jeweileg Veräiner zeréck: Tobias BAIER, Basile CAMERLING, Olivier CASSAN, Nene DA COSTA a Valentin POINSIGNON.

De Veräin verlooss hunn den Alessandro ALUNNI, Fabien HEINZ an Aaron HORTON.

De Bryan BARBOSA MANATA gëtt eng weider Saison un den FC Kielen ausgeléint.

Och dëse Spiller wënsche mer alles Guddes fir hir nei Challengen!

#vamosunk