Barragematch Rosport - UNK


22 May 2018

Dëse Freidenowend spillt den UNK de Barragematch fir den Opstig an d'BGL Ligue um 19h30 um Stade Achille Hammerel (Terrain vum RFCUL) géint d'Victoria vu Rouspert.

Wichteg Infos fir eis Supporter:

- den UNK organiséiert eng gratis Bus-Navette. Départ ass um 18h00 um Dribbel, de Retour ass spéitstens 30' no'm Match. Mellt Iech wannechgelifft per SMS um 621545155 un (Numm an Unzuel u Leit)
- vu dass den UNK dëse Match a blo wäert spillen, géife mer eis Supporter biede sech blo a rout ze kleeden

Dëse Message däerf gär gedeelt ginn!

#vamosunk