Begriefnis / Gedenk - Zeremonie Luss


19 August 2020

Dëse Freiden, 21.08.2020 ass d‘Begriefnis vun eisem Frënd, dem Luss, an dëst am enkste Familljekrees.

Eng Mass gëtt gehalen an der Kierch zu Nidderkäerjeng ëm 16:00 Auer.

Bedéngt duerch d‘Corona-Pandemie sinn d‘Plazen an der Kierch limitéiert. Dofir géife mir eis als U.N. Käerjeng ‘97 vis-à-vis vun der Kierch op der Cito Plaz versammelen, am Respekt vun de COVID-19-Bestëmmungen, fir dem Luss ze gedenken. Där sidd gebieden Iech un Bestëmmungen ze halen an Är Mask wärend der Zeremonie ze droen. Mir loossen déi limitéiert Plazen an der Kierch der Famill a sengen enke Bekannten.

All seng Frënn a Kolleegen aus der ganzer Fussballwelt kënne sech eis gären uschléissen. Dir hutt och d‘Méiglechkeet Är Bäileedskaarten ze hannerleeën, déi mir da weider un d‘Famill wäerte ginn.

Ab 15:45 Auer a bis d‘Mass fäerdeg ass, gedenke mir eisem Frënd a Comitésmember, dem Luss, dëst an aller Stëll. Vu dass heen a senger Zäit als Fussballer d‘Faarwe schwaarz a wäiss, Faarwe vum FC Jeunesse Hautcharage, gedroen huet, géife mir all d’Leit, déi sech mat eis versammelen, bieden ee wäissen T-Shirt oder e wäisst Hiem unzedoen.