Ben Klein - 1. Kontrakt


10 January 2022

Den U.N. Käerjeng '97 ass frou iech haut matdeelen ze kënnen, dass de Ben Klein säin 1. Kontrakt beim UNK ënnerschriwwen huet, dëst fir déi nächst 2,5 Saisonen!
 
Kuerz viru sengem 17. Gebuertsdag huet de Ben am Coupematch géint Woltz säin Debut bei der 1. Ekipp ginn an dono war heen an all Championnatsmatch am Kader, déi lescht 2 Matcher als Titulaire um Terrain!
 
Duerch seng seriö Astellung, seng Motivatioun a seng onermiddlech Aarbecht ass de Ben a kuerzer Zäit zu engem feste Bestanddeel vum Kader ginn a mär si frou dass mer och déi nächst Joere mam Ben kënnen zesumme schaffen an déi nächst Ziler erreechen!
 
#vamosben
#vamosunk