BGL Ligue 26. Spilldag UNK - Hesper


22 April 2023

Um 26. Spilldag an der BGL Ligue empfänkt den UNK moar den Tabelleleader Swift Hesper. Onnëtz ze soen, dass dat e ganz schwéiere Géigner wäert sinn.
 
Et wäert awer och e ganz besonnesche Match ginn, well et eisem Captain Nico Fernandes säi leschte Match fir den UNK wäert sinn! Den Nico plënnert aus beruffleche Grënn fir den 1. Mee an de Süde vu Frankräich. Mär hoffen dass där zuelräich op den Dribbel kommt fir dem Nico, deen zënter 2015 am UNK ass, würdeg Äddi ze soen.
 
Nëtzlech Infos:
- Entrée just duerch d'Haaptkeess (ab 14h45)
- benotzt am beschten de Parking Op Acker, Parking Cactus, Parking Schuman oder Parking du Centre (bei Falschparken um a ronderëm den Dribbel ass en Ticket iech quasi garantéiert an duerch d'Foire aux Vins am Käerjenger Treff si Parkplaze beim Terrain méi wéi rar)
 
Bis moar um Dribbel!
 
#vamosunk