Coupe des seniors réserves


11 September 2015

Haut den Owend steet den Tour préliminaire vun der Coupe des seniors réserves um Programm an eis 2 Équipë sinn haut direkt am Asaz.



Eis 2. Équipe spillt um 20h00 doheem um Dribbel géint d'Reserven vum FC Munsbach.



Eis 3. Équipe spillt och um 20h00 auswäerts bei de Reserven vum FC Kopstal 33.



Béiden Équipë wënsche mer bonne chance fir haut den Owend!



Et sief nach bemierkt, dass eis 2. Équipe um 19h00 vum Här Paul Philipp, Präsident vun der FLF, fir hire Championstitel 2014-2015 geéiert gëtt. Dës Éierung fënnt am Zelt vum Jugend Cup statt.