Coupe du Prince 1/2-Finale UNK - F91 Diddeleng


24 February 2023

Nieft dem Championnatsmatch an der BGL Ligue tëscht dem UNK an Hueschtert gëtt et dëse Weekend e weideren Highlight um Käerjenger Dribbel!
 
Eis Juniore spillen an der Halleffinale vun der Coupe du Prince doheem géint den F91 Diddeleng.
De Match gëtt um 15h00 um Synthi Jos Bloes (Entrée Cactus) ugepaff.
 
Fir iech ze wiermen an ze stäerken gëtt et an an nieft der Hansibar e Patt an e Wupp vum Grill.
 
Bis moar de Mëtten um Dribbel!
 
#vamosunk