D’Equipen vum UNK am FLF Futsal-Championnat


16 December 2016

Waat eis Pupilles U9 virun 2 Wochen fäerdeg bruecht hun, nämlech sech als Tabellenéischten fir den 2. Tour vum FLF Futsal Championnat ze qualifizéieren, as leschten Weekend och eisen Poussins U11 gegléckt. Och sie qualifizéieren sech deemno direkt fir den 2. Tour, deen den Weekend vum 28. an 29. Januar 2017 gespillt gët. Bravo un eis 2 Kategorien! Wéini genau an wou gespillt steet nach net fest.



Muar den Moien as et dann un eisen Scolaires U15 an Minimes U13 déi och an den Futsal aklammen. Eis Scolaires U15 trëtt ab 09.00 Auer zu Mamer un, während eis Minimes U13 och ab 09.00 Auer zu Remëleng am Asaat as. Bonne Chance un eis 2 Kategorien!



Hei fannt Dir déi genau Spillprogrammer wann Dir eis Equipen wëllt ënnerstëtzen goen:



Scolaires U15, muar Samschden 17/12/2016 ab 09.00 Auer zu Mamer:

http://www.un-kaerjeng.lu/index.php?site=page&id=u15-i--scolaires-526



Minimes U13, muar Samschden 17/12/2016 ab 09.00 Auer zu Remëleng:

http://www.un-kaerjeng.lu/index.php?site=page&id=u13-i--minimes-528