De Pit HESS verlängert fir 4 Joer

Foto vun Christian KEMP



24 May 2018

Den U.N. Käerjeng '97 ass frou an houfreg matdeelen ze kënnen, dass eise Captain Pit HESS gëschter Owend en neie Kontrakt fir 4 Joer ënnerschriwwen huet!

De Pit ass zënter 2013 an der Famill vum UNK an ass duerch säin Asaatz, säi Kampfgeescht a säin onbändege Wëllen e Virbild fir jiddereen am Veräin.

Dëst ass e staarkt Zeechen well no de Verlängerunge vum Tom WEILAND a Pit HESS lo all eis Spiller nach e gültege Kontrakt fir déi nächst Saison hunn, onofhängeg vun der Divisioun an där mer an der Saison 2018-2019 wäerte spillen. Mat eisem Captain huet de leschte Pilier vun der Équipe lo nach seng Zouso ginn fir weider zum UNK ze stoen!

#vamosunk