Demissioun vum Präsident um Enn vun der Saison


11 May 2018

Där Dammen an Hären, léif Sportsfrënn.

Ech muss Iech heimat matdeelen, dass ech schwéiren Häerzens mäi Posten als Präsident vum U.N. Käerjeng ’97 op der Generalversammlung den 29. Juni 2018 wäert nidderleeën.
 
Dës Entscheedung huet weder sportlech nach perséinlech Grënn, mä ass reng berufflech begrënnt! Duerch nei berufflech Erausfuerderungen an den doduerch entstaanenen Zäitopwand, hunn ech déi lescht Méint misse feststellen, dass et mer leider net méi méiglech ass mäi Posten als Präsident weiderzeféieren.
 
Natierlech wäert den U.N. Käerjeng ’97 weider „mäi“ Veräin bleiwen an ech wäert och ëmmer gär mat Rot an Dot zur Verfügung stoen.
 
Fränk KLINKERT
Präsident U.N. Käerjeng ’97