Den UNK ass an Trauer


09 January 2023

Leider musse mer iech haut matdeelen, dass an de leschten Deeg 2 léif Persounen eis fir ëmmer verlooss hunn, déi zur Geschicht vun eisem Veräi bäigedroen hunn.

D’Lydie Schmitz war laang Joren aktiv am Supporter-Club vum FC Jeunesse Hautcharage, wou d’Lydie eng dreiwend Kraaft war an dat Wuert „Supporter“ ganz eescht geholl huet! Zesumme mat sengem Mann, dem Rol, war him keng Stonn ze vill fir säi Veräin z’ënnerstëtzen.

D’Lydie war ënner anerem och Giedel vum leschte Fändel vum FC Jeunesse Hautcharage, am Kader vum 75. Anniversaire vum Veräin am Joer 1994.

De Guy Thill war Spiller beim FC Jeunesse Hautcharage, wou heen op 224 Asätz an der 1. Ekipp komm ass an dobäi 96 Goler geschoss huet! Hee war e wichtege Bestanddeel vun der memorabeler Ekipp, déi an der Saison 1970-1971 d’Coupe de Luxembourg gewonnen huet!

No senger aktiver Carrière als Spiller, war de Guy ënner anerem Member vum Comité vum FC Jeunesse Hautcharage, President vun der Härenekipp a Keesereviseur beim U.N. Käerjeng ’97.

Mär drécken den 2 Famille vun de Verstuerwenen op dëser Plaz eist déifste Matgefill aus a wënschen hinne vill Courage a Kraaft an dëser schwéierer Zäit!