Den UNK ass an Trauer


05 May 2023

Den UNK huet déi traureg Flicht iech matzedeelen, dass de Fernand Felten eis lescht Woch am Alter vun 82 Joer fir ëmmer verlooss huet.
 
De Fern huet mat der Jeunesse Hautcharage 1971 d'Coupe de Luxembourg gewonnen. Dono war de Fern och nach Member am Supporterclub vun der Uewerkäerjenger Jeunesse. 

De ganzen UNK dréckt dem Fern senger Famill säin häerzlechst Bäileed aus! Mär wäerten de Fern ëmmer a gudder Erënnerung behalen.