Den Weekend bei der Jugend


08 December 2014

Pupilles , UNK – FC Differdange , 5-0

Poussins II , UNK – FC Rodange , 11-0

Minimes , coupe des minimes 2ten Tour , FC Minière Lasauvage - UNK , 0-5

Scolaires , coupe des scolaires 2ten Tour , UNK – Alliance Äischdall , 5-0

Cadets , Entente CSG/UMW - UNK , 0-3

Juniors , UNK - Entente Rosport/Echternach , 3-0 forfait



Futsal Poussins:

Geeschter Moien um Foussbann , gewannen ons Poussins 5 vun 6 Matcher, géint Schëffleng,Nidderkuer,Uewerkuer,Stroossen an Kielen nëmmen géint den F91 gouf et eng 1-0 Nidderlag , mat dësen Resultater kommen d’Jongen op déi 1ten Platz an hirem Groupe an sinn domadder direkt fir den 2ten Tour qualifizéiert , Bravo den Jongen an Traineren.



Eng kleng Geschicht:

Vun Donneschdeg bis Haut den Moien waren 2 Spillerscouten aus Italien zu Käerjeng op Besuch , virun puer Woche waren déi Leit an der Slowakei beim U17 Qualifikatiounstournoi derbäi an verschidde Jongen vum UNK waren hinnen opgefall , no puer Telefonsgespréicher hunn se sech op den Wee gemaach , se hunn d’Matcher vun den cadets géint Fola an gëschter zu Mäertert gesinn an verschiddenes huet sech fir déi Leit bestätegt , elo fueren se mat dësen Infoen zeréck Heem an wäerten mat Veräiner do sech austauschen , alles deit dorobber hinn dass 1 bis 2 vun onsen Jongen puer Deeg bis eng Woch dierfen bei engem Veräin vun der Serie B am Jugendberäich U17-U18 trainéieren goen , respektiv villäicht een Turnéier do matspillen.



Merci am Numm vum UNK , deenen Leit déi desst klengt Geheimnis bei sech gehalen hunn , Merci all deenen déi sech Zäit geholl hunn fir mat dësen 2 Hären sech auszetausche respektiv , Transport an Dolmetscheraufagben iwwerholl hunn.



Allgemeng hunn se extreme geschätzt wei d’Jongen sech presentéiert hunn den fair-play an Respekt virun hiren Matspiller an Zuschauer ,



Affaire à suivre