Den Weekend bei der Jugend


26 September 2016

Dësen Weekend stoung bei eiser Jugend den 2. Spilldaag um Programm.

Eis Junioren mussen op der Etzella leider eng 1-3 Néierlaag astiechen, während eis Cadets och hiiren 2. Match dëss Saison (3-1 beim FC Rodange 91) gewannen.

Fir eis Scolaires I war d’Jeunesse Eshc leider eng Nummer ze grouss (1-6) während eis Scolaires II doheem mam FC Ehlerange d’Punkten deelen (Goal duerch den Tarik Selimovic).



Eis Minimes I kommen net iwert een 0-0 zu Éilereng eraus iwerdeems eis Minimes II offiziell spillfräi waren.

D’Poussins I mam Trainer Romain BLASI gewannen mat 7-1 beim FC Monnerech, während eis Poussins II duerch Goaler vun Fynn BRAUN (3x), Ahmed HAMIDOU (2x) an Mamadu DJABI EMBALO (2x) mat 7-4 bei der Entente Aischdall gewannen.



Fir eis Pupilles 1 spréngt een 1-1 géint den SC Beetebuerg eraus, während eis Jongen vun den Pupilles II mat 0-18 géint d’Entente Schuller verléieren.

Dann nach eis Bambinis déi géint d’Entente Aischdall zu engem 2-0 Endresultat kommen.

Mir wënschen Ierch all een schéinen Start an déi nei (sonnëg) Woch.