Den Weekend bei der Jugend


03 October 2016

An engem spannenden mee leider onglécklechen Match verléieren eis Junioren zum Schluss mat 3-5 doheem géint den RM Hamm Benfica (Goaler fir den UNK: André JESUS MALTEZ, Bryan FORTES an Kevin D’ANZICO).

Eis Cadets gewannen och hiiren 3. Match fir dëss Saison, dëst mat 5-1 zu Diddeléng (géint den F91 II, Goaler duerch Luca MORBIDELLI (2), Irvin LATIC (2) an Max LAMESCH).



Fir eis Scolaires I war den FC Rodange 91 leider eng Nummer ze grouss (2-8) während eis Scolaires II mat 2-3 bei der US Remëleng verléieren.

Eis Minimes I klappen d’Yellow Boys Weiler mat 2-0 an och eis 2. Equipe vun den Minimes schléisst den Weekend positiv of (3-2 géint d’Entente Nidderkuer II).



D’Poussins vum UNK klappen den FC Déifferdeng 03 II mat 7-2 während eis Poussins II spillfräi war op dësem Weekend.

D’Jongen vum Lex WOLF (Pupilles I) gewannen duerch Goaler vun Noel LAUGS (2), Toni VLASIC, Dinel SINANOVIC an Jo GANTREL mat 5-3 beim FC Déifferdeng 03. Eis Pupilles II verléieren mat 2-12 beim Red Star Merl.

Och eis Bambinis haaten erem een flotten Weekend, an konnten sech op engem Mini-Tournoi esouwuel géint den RFCUL ewéi och géint d’Union Titus Péiteng duerchsetzen.



Mir wënschen Ierch all een schéinen Start an déi nei Woch.