Den Weekend bei der Jugend


10 October 2016

Eis Junioren kommen bei der Entente Grevenmacher zum engem verdingten 6-0 Erfollëg. Duerch Goaler vun Yann MAQUET (4), Yannis DUBLIN an Fabien HEINZ gin wichteg Punkten fir eis U19.

Den Match vun eisen Cadets gouf vun der FLF op muar Dënschden (11.10.) verluecht. Hei kënnt et um 20.00 Auer um Dribbel zum Derby UNK-Péiteng!

Eis Scolaires verléieren géint eng staark Equipe vum F91 mat 1-8 während och d’Fola fir eis Scolaires II eng Nummer ze héich war (0-9).



An engem intensiven Match bei eisem Minimes trennen sech den FC Rodange 91 an den UNK mat engem 1-1 (Goal duerch den Sorri BALDE). Eis Minimes II verléieren mat 0-3 zu Péiteng.



Eis Poussins I ënnerleen dem F91 knapp mat 0-1 während eis Poussins II mat 2-1 beim Red Star Merl gewannen.

Och d’Pupilles I sin géint den F91 ugetrueden (2-5) an Pupilles II géint Mamer (0-8). Um Samschden-Moien war och den 1. Bambinis-Tournéier fir dëss Saison um Dribbel. Hei konnten eis Bouwen sech géint Steesel, Hamm an den CS Grevenmacher duerchsetzen.



Mir wënschen Ierch all een gudden Start an déi nei Woch an eisen Cadets Bonne Chance fir hiiren Match muar den Owend.