Den Weekend bei der Jugend


25 October 2016

Duerch d’Matcher vun der FLF U17 sin eis Juniors- an Cadets-Matcher vum leschten Weekend vun der FLF verluercht gin.

Eis Cadets hun an der Woch hiiren Nodro’s-Match vum Spilldaag virdrun mat 3-0 beim FC Monnerech gewonnen. Hei konnten den Luca MORBIDELLI (2) an Max LAMESCH fir eis Faarwen marquéieren.

Een batteren Weekend gouf et fir eis Scolaires (Jeunesse Esch-UNK I 9-0 an FC Ehlerange-UNK II 5-0).

Eis Minimes I trennen sech ouni Goaler vum FC Ehlerange während déi 2. Minimes-Equipe dësen Weekend spillfräi war.



Och eis Poussins sin op den FC Ehlerange getraff, setzen sech hei 3-0 duerch während eis Poussins II sech an engem spannenden Match mat 4-4 vum RFCUL III trennen.

D’Pupilles 1 vum UNK waren spillfräi, hun dëss Paus genotzt fir een Trainings-Match géint den FC Rodange 91 ze spillen (12-1 gewonnen) während d’Pupilles II sech batter geschloen hun mee schlussendlech 3-6 géint Suessem verléieren.

D’Bambinis vum UNK waren erem op engem Mini-Tournoi am Asaatz an sin do mat vill Spaass géint Merl, Déifferdeng an Stengefort ugetrueden.



Mir wënschen erem een gudden Start an déi nei Trainingswoch an bis geschwënn.