Den Weekend bei der Jugend

Foto vun BROY Romain



21 November 2016

Een duerchwuessenen Weekend gouf et fir eis Jugend. Eis Junioren verléieren iwerraschend kloer mat 1-5 géint d’Entente Grevenmacher. Resultat-Kosmetik duerch een Goal vum Kevin D’ANZICO.

Besser hun et eis Cadets (Photo) gemaach. Sie gewannen hiiren Derby mat 2-0 op engem katastrophalen Terrain zu Lamadelaine mat 2-0 géint d’Union Titus Pétange. Zwee Goaler vum Luca MORBIDELLI gin duer fir d’Tabellenspëtzt an dëser ultra-spannender Grupp ze behaalen (3 Equipen mat 18 Punkten um Podium).

Een leider schrecklechen Weekend gouf et fir eis Scolaires I (0-15 beim F91 Dudelange). Eis Scolaires II ënnerleen knapp der Fola II mat 2-1.



No enger gudder Leeschtung gewannen eis Minimes I géint den Noper vum FC Rodange 91 mat 2-1 an maachen een groussen Schratt Richtung Opstieg am Wanter. Eis Minimes II verléieren mat 0-3 géint Titus Pétange.

Erop an erof as et bei eisen ënneschten Kategorien gaangen. D’Poussins I gewannen bei der Union 05 Kayl/Tétange (11-0), d’Poussins II deelen mat der Fola Esch beim 2-2. Eis Pupilles I ënnerleen dann der Union 05 Kayl/Tétange mat 3-8 während d’Pupilles 2 mat 9-6 géint den Sporting Steinfort gewannen. Och eis Bambinis hun erem hiiren beschten Fussball géint Grevenmacher, den CSO an Kehlen gewisen an alles gin.



Ewéi ëmmer, mir wënschen een gudden Start an déi nei Woch.