Den Weekend bei der Jugend


28 November 2016

Een duerchaus erfollegräichen Weekend gouf et fir eis Jugend.

Eis Juniors U19 kommen zu engem 7-1 Succès géint den FC Erpeldange 72. Hei hun eis Jongen elo erem eng gudd Ausgangspositioun virun deenen 2 leschte Matcher mam Ziel d’Klass ze behaalen.

Och eis Cadets maachen beim 3-0 géint den FC Mondercange eng gudd Affär. Duerch zwee Goaler vum Luca MORBIDELLI an engem Goal vum Max LAMESCH behaapten eis Jongen hiir 1. Plaatz am Klassement an kënnen en Sonnden zu Stroossen den Opstieg perfekt maachen!



Een wichtegen 5-3 Erfollëg fir d’Moral gouf et fir eis Scolaires I. Sie klappen an engem intensiven Match d’US Rumelange mat 5-3 (Goaler: Irvin LATIC (3), Kim MELONE an David TEIXEIRA). Och den UNK II kann sech mat 1-0 duerch een Goal vum Altan RICCI géint d’Entente Differdange duerchsetzen. Bravo un eis zwou U15-Equipen.

An engem ofwiesslungsräichen Match bei der Entente Nidderkuer spréngt fir eis Minimes I een 3-3- eraus. Hei treffen den Adulai DJABI, den Sanin CEMAN an den Francisco BARBOSA fir den UNK.

Eis Minimes II, déi op d’Ënnerstëtzung vun 2 Poussins-Spiller konnten zielen an hiiren Goalkeeper kuerzfristeg duerch Krankheet ausgefall as, koum zu Rodange duerch een Goal vum Emir KESEROVIC zu engem 1-1. Eis Jongen hun sech nach weider gudd Chance erausgespillt, leider hun se awer keen méi fonnt, deemno eng respektabel Leeschtung an eng Punkten-Deelung.



Och eis Poussins konnten sech zweemol auswärts duerchsetzen. Eis Poussins I gewënnt mat 4-1 op der Fola Esch II an den UNK III gewënnt mat 4-1 beim F91 Dudelange III



D’Pupilles I vun UNK gewannen mat 4-1 géint d’Fola Esch an gin domadder verdingt an d’Wanterpaus vun hiirem Championnat. Fir eis Pupilles II war den FC Kehlen eng Nummer ze grouss (0-8). Weider geet et elo mam Futsal an deenen verschiddenen Tournoi’en déi mir an den Haalen mat eisen Equipen ugeholl hun. Sou haaten eis Jongen en Sonnden schon hiiren 1. Tournoi zu Hueschtert (Foto) wou sie zum Schluss op déi 3. Plaatz kommen.

Genau ewéi eis Pupilles gin och eis Bambinis no hiirem Tournéier um CSO an d’Wanterpaus dobausseen an freeën sech elo op dei (waarm) Haalen-Traininger.



Mir wënschen ierch alleguer een gudden Start an déi nei Woch an eisen Equipen nach déi bescht Energie beim Training dobaussen virun deenen leschten wichtegen Matcher.