Den Weekend bei der Jugend


05 December 2016

Een (baal) perfekten Weekend fir eis Jugend !



D’Juniors U19 kommen zu engem 5-3 bei der US Rumelange. Duerch 2 Goaler vum André JESUS MALTEZ, 2 mol Kevin D’ANZICO an Carlos TEIXEIRA DA CRUZ sëcheren eis Jongen sech deemno hiir Plaatz an der 2. Klass! Bravo un d’Equipe an Trainer.

Eis Cadets kréien hiiren Punkt zum Opstieg! Quasi an leschter Minutt kënnen sie duerch den Jordan FRITSCH bei der UNA Strassen ausgläichen an steigen hei als Champion an déi 2. Klass op. Genau ewéi eis Juniors spillen och eis Cadets deemno elo erem an den Top 12 aus dem Land. Bravo un Team & Staff!



Een richtegen Effort an leschter Minutt gouf et fir eis Soclaires I. Sie gewannen duerch 4 Goaler vum Irvin LATIV verdingt mat 4-1 bei Sporting Steinfort an bleiwen duerch dësen Succès och an der Rëckronn an der 2. Klass! Een wichtegen Erfollëg vun der Equipe mam Trainer. Gudd gemaach.

D’Scolaires II gewannen duerch Goaler vum Fabiano LUISI, Tarik SELIMOVIC an André VIEIRA verdingt mat 3-0 beim CS Oberkorn an schléissen och hiiren 1. Tour positiv of!



Och eis Minimes I steigen an 2. Klass op! Obwuel sie net hiir bescht Leeschtung op den Terrain bruecht hun, geet dësen 1-1 géint d’Entente Clemency duer fir d’Jongen vum Roland COOS, den Opstieg an d’2. Klass perfekt ze maachen. Gudd geschafft och hei! Eis Minimes II gewannen 3-0 forfait géint d’US Rumelange.



Fir eis Poussins (Photo) as et leider net duergaangen. Sie verléieren an der Coupe géint eng staark Equipe vun der CS Fola mat 4-2 (Goaler fir den UNK: Ruben ANTUNES an Fynn BRAUN). Kapp héich Jongen an weiderschaffen, elo steet den Futsal um Programm.



Eng ganz gudd Leeschtung hun eis Pupilles U9 um Sonnden-Moien gewisen. Sie qualifizéieren sech mat 13 vun 15 méiglechen Punkten verdingt als Gruppenéischten fir den 2. Tour vum Futsal-Championnat. Hei gouf et Victoiren géint Kayl/Tétange, FC Differdange 03, Jeunesse Esch an Sporting Steinfort esouwéi een 0-0 géint d’Alliance Hobscheid/Eischen. Bravo fir deen schéinen Fussball un d’Jongen!



Den Owend fënnt um Dribbel déi verdingten Nikloosfeier fir eis Jugend statt, ab 18.00 Auer an der grousser Buvette. Fir den Recht wënschen mir ierch alleguer eng schéin Woch. Nächsten Weekend stin dann Coupe du Prince, Coupe des Cadets an Coupe des Scolaires um Programm!