Den Weekend bei der Jugend


23 January 2017

Eis Scolaires U15 kënnen sech als 1. Equipe vum UNK fir d’Halleffinale vum FLF Futsal-Championnat qualifizéieren!

No Victoiren géint den Avenir Beggen, Alisontia Steesel an Sporting Mertzig, esouwéi engem Gläichspill géint den Red Star Märel qualifizéieren sech eis Jongen als Gruppenzweeten fir d’Halleffinale déi den Weekend vum 4./5. Februar gespillt gët. Nëmmen géint den RM Hamm Benfica gouf et eng Néierlaag (2-4). Bravo un d’Jongen an hiir Trainer!



Weider Equipen vum UNK waren dësen Weekend vum Club-Cup beim FC Déifferdeng 03 am Asaatz deen vum Organisator gewonnen gouf. Hei spréngt zum Schluss just déi 5. Plaatz fir den UNK eraus.



Een gudden Tournoi organiséiert vum FC Metz zu Mondorf verléieren eis Poussins U11 an der Finale géint den FC Metz mat 0-2, déi dann awer eng Nummer ze grouss waren. Bravo un d’ganz Equipen an den Staff fir dësen super Fussball.



Um Samschden-Mëtten as eng U23 vum UNK géint d’1. Euqipe vum Sporting Mertzeg ugetrueden. An engem gudden Match gouf et schlussendlech no der UNK-Féierung een 1-1 Endresultat.

Eis Cadets U17 waren der Fola Esch um Sonnden an hiirem 1. Testmatch mat 1-3 ënnerleen.



Nächsten Weekend probéieren dann eis Minimes U13, Poussins U11 an Pupilles U9 dann hiirt d’Gléck an werten alles drun setzen sech och fir d’Halleffinallen vum Futsal ze qualifizéieren! Hinnen elo schon vill Gléck gewënscht.



Mir wënschen ierch alleguer een gudden Start an déi (kaal) nei Woch!