Den Weekend bei der Jugend


13 February 2017

Nodeems eis Scolaires sech leschten Weekend schon fir d’Finale vum Futsal konnten qualifizéieren, hun eis Poussins (Photo) et dësen Weekend d’Selwecht gemaach. Sie kommen um Tournéier zu Monnerech op déi 2. Plaatz (hannert dem Avenir Beggen) an sin deemno qualifizéiert an stin ënnert deenen 6 beschten Futsal-Equipen am Land. Bonne Chance der ganzer Equipe fir den Weekend vum 5. März!

Net duergaangen as et leider fir eis Pupilles. Trotz gudder Leeschtungen kommen sie um Dribbel nët iwert déi 3. Plaatz eraus. Hei waren den F91 Diddeleng an den RFCU Lëtzebuerg einfach méi staark. Trotzdem een groussen Bravo un eis Equipe mat hiirem Staff!



Eis Juniors an Cadets-Spiller haaten um Samschden-Moien dann nach eng ganz interessant Formatioun zum Thema “Ernährung am Sport”. Hei as den Jongen vun der Dietiticienne Stéphanie ROSQUIN am Detail erkläert gin, waat virun an no Training, respektiv Matcher soll an kann giess/gedronk gin.

Eis Juniors gewannen dann am Nomëtten no enger ganz gudder 1. Halschent an engem Test-Match géint den Titus Péiteng mat 2-1. Hei konnt den André JESUS MALTEZ déi 2 Goaler fir den UNK schéissen!

Den Trainings-Match vun eisen Cadets géint den Bieles deen fir Sonndes viirgesin war, as aus disziplinarëschen Grënn lescht Woch schon annuléiert gin.



Eng ganz flott Stëmmung mat knapp 130 Kanner gouf et dann um Nomëtten um traditionellen Kannerfuesbal vun der Jugendkommissioun vum UNK. Hei gouf et bescht Animatioun mam Eric an esouwuel den Kanner ewéi och den Elteren huet et beschtens gefall!



Eis Scolaires gewannen géint Stengefort een weideren Trainings-Match mat 2-0, während eis Scolaires II sech mat 7-2 géint den RFCUL III duerchsetzen. Och eis Minimes haaten een ganz gudden Daag erwëscht an gewannen hiiren Match mat 8-0 géint den FC Rodange 91.



Mir wënschen ierch alleguer een gudden Start an déi nei Woch!