Eis Jeunes Filles U15 sin lancéiert!


16 January 2017

Um Sonnden-Moien huet den 1. Training vun eisen Jeunes Filles (10 bis 15 Joër) op Acker stattfonnt.

Ënnert der Leedung vum Ophélie an Cindy hun déi meeschten Meedecher hiiren éischten Versuch mam ronnen Lieder gemaach. D'Motivatioun an d'Stëmmung war bei Spillerinnen an Trainerinnen exzellent, esou kann et weidergoen.

Wichteg: Déi nächst 2 Traininger fannen an der Haal Um Dribbel (anstatt op Acker) statt.

All weidert Meedchen daat Loscht um Fussball huet as weiderhin wëllkomm, mellt ierch einfach beim Ophélie oder Cindy.



Weider Infos fannt Dir hei:

http://www.un-kaerjeng.lu/index.php?site=page&id=jeunes-filles-u15-36055

Programme Jeunes Filles - 2016-2017 - 1.pdf