Fussballdaag zu Ettelbréck


16 June 2015

De leschten WE war jo bekanntlech den Footballdaag den vun der FLF organiséiert gëtt. Dëst Joer ass datt ganzt bei herrlechem Wieder ofgelaf. Et ass een Tournoi wou d'Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins, Minimes an Scolaires däerfen deel huelen. Vun eisem Veräin waren an all Kategorie 1 Equipe dobäi.



Bei den Scolaires waren et net manner wéi 54 Equipen.



Den UNK war do beim F91, US Esch, Rupensia Larochette, Victoria Rosport an der ENT. Lintgen/Lorentzweiler an enger Grupp.



Bei den Minimes waren et net manner wéi 56 Equipen.



Den UNK war mam RFCUL, Attert Bissen, Jeunesse Junglinster, FC Munsbach an der Résidence Walferdange an enger Grupp.



Bei den Poussins waren et esouguer 71 Equipen.



Den UNK war mam Avenir Beggen, Jeunesse Gilsdorf, Minerva Lintgen, FF Norden 02 an Orania Vianden an enger Grupp.



Bei den Pupilles waren et 59 Equipen wou deel gehol hun.



Den UNK war hei mat Berdorf/Consdorf 01, FC AS Hosingen, Marisca Mersch an der UNA Strassen an enger Grupp.



Bei den Bambinis waren et 48 Equipen wou den Wee op Ettelbreck fonnt hun.



Den UNK war hei beim FC 72 Erpeldange, Attert Bissen, Sporting Mertzig, Victoria Rosport an dem CS Grevenmacher an der Grupp.



Bei den Scolaires huet den UNK et bis an 1/8 Final gepackt wou sie géint Rodange 3-0 verluer hunn.



Bei den Minimes war no der Gruppephase Schluss.



Bei den Poussins déi an der 1/8 Final mat 2-0 géint Résidence Walfer gewonnen hunn, ass et dunn an der 1/4 Final géint den Progrès Niedercorn gaangen wou och den Mätch kloer mat 6-1 gewonnen ginn ass. An der 1/2 Final hunn eis Jongen dunn géint den FC Wiltz 71 gespillt an den Mätch dann och mat 4-3 gewonnen, esou dass d'Jongen dun an der Final vum Fussballdaag stoungen. An der Final huet dunn den RFCUL gewaart. Den RFCUL huet den Mätch dann och mat 2-0 gewonnen mee eng ganz gutt 2. Plaz vun eisen Poussins. E grousse Bravo un d'Jongen an hiren Trainer.



Bei den Pupilles an den Bambinis war och no der Gruppephase Schluss.