Leschten Heemmatch!!! UNK - Rouspert


13 May 2023

We need your support! Alles op den Dribbel!!!
 
Leschten Heemmatch fir dës Saison an der BGL Ligue mam Duell géint d'Victoria Rouspert. Wéi wichteg dëse Match ass brauche mer iech net ze soen, nëmmen 3 Punkten hëllefen eiser Ekipp géint den Ofstig!
 
Et wäert och de leschten Heemmatch fir deen een oder anere Spiller sinn, engem Spiller wäerte mer awer ganz besonnesch Äddi soen.
 
Dofir alles dëse Sonnde viru 4 Auer op den Dribbel an dann heescht et ALLES GINN fir eisen UNK!
 
#vamosunk