Nei Trainere beim UNK


31 May 2017

Léif Sportsfrënn.



Den U.N. Käerjéng '97 ass frou iech seng 2 nei Trainere fir d'Saison 2017-2018 virzestellen. Et sinn dëst de Jean-Marc KLEIN (lénks op der Foto) an de Jérôme REMY.



De Jean-Marc war bis lo fir d'Trainerausbildung op der FLF responsabel an de Jérôme huet och jorelaang bei der FLF geschafft, notamment lo als Trainer vun der U15, awer och bei allen aaneren U-Equipen.



Am Laf vum Mount Juni wäert den UNK eng Pressekonferenz organiséieren wou den Trainerstaff an d'Transferten fir déi nei Saison (déi fix, net d'Rumeuren, déi der all Dag an der Press liest ;-) ) offiziell wärte virgestallt ginn.